Saint Julien de Coppel

Saint-Julien de Coppel est une petite commune française d’environ 1.100 habitants, située dans le département du Puy-de-Dôme, capitale de la région Auvergne.

 

Les jours de Pentecôte, il y a presque 66 ans, les chemins de Frisange et de Saint-Julien de Coppel se sont croisés pour la première fois. Le 10 mai 1940 les habitants de Aspelt, Frisange et Hellange ont dû quitter leur village pour se retirer de la ligne de bataille et se mettre en sécurité devant l’agresseur nazi. D’abord à pied, puis en charrettes tractées par les chevaux, finalement en train et bus, beaucoup de réfugiés luxembourgeois, après de nombreuses escales, ont trouvé un chaleureux accueil, un nouveau foyer, auprès des familles hospitalières de la commune de Saint-Julien de Coppel en Auvergne. Ainsi, quelques 120 habitants de la commune de Frisange y ont été accueillis lors de ces terribles événements, avant de pouvoir retrouver leurs foyers, quelques mois plus tard. C’est donc ici que les amitiés entre les Frisangeois et les Coppelois ont commencées.

 

C’est lors de la séance du 20 juin 2003, que le conseil communal de Frisange a décidé, d’engager la commune de Frisange avec la Commune de Saint-Julien de Coppel. Avant cette décision, plusieurs rencontres entre les pompiers et surtout entre les élus des deux communes ont trouvé lieu pour discuter un jumelage éventuel.  En 2003, à l’occasion d’un voyage, les pompiers de Frisange y ont déposé une plaque commémorative offerte par la municipalité de Frisange.

 

Le déplacement a aussi été l’occasion, pour trois réfugiés, de retrouver les gens qui les avaient accueillis et de rependre ainsi contact avec leurs hôtes de l’époque.

 

Le serment de jumelage entre Frisange et Saint-Julien de Coppel était signé à l’occasion de la Fête Nationale Luxembourgeoise, le 20 juin 2004 à Frisange et le 14 juillet 2004, jour de la Fête Nationale Française à Saint-Julien de Coppel.

 
Commémoratioun vun der Evakuatioun vu Mee 1940

Zwee Deeg nodeems den Hitler 1939 den Uerder ginn huet Polen ze iwwerfalen, wor hallef Europa offiziell am Krich mat NaziDäitschland. Während de nächsten 8 Méint, déi haut als „drôle de guerre“ bekannt sinn, hu sech d’Protagonisten aus Westeuropa op den däitschen Ugrëff virbereet. Frankräich huet op d’MaginotLigne vertraut, England huet e Corps Expéditionnaire op d’Belsch-Franséisch Grenz geschéckt an d’BeNeLux Länner hunn hier Neutralitéit déclaréiert.

 

Well d’lëtzebuergesch Regierung sech der Geféierlechkeet vun der Situatioun wuel bewosst wor, goufen alternativ Pläng ausgeschafft, wéi een am beschte vir d’Vollek virsuerge kéint. Stroosse goufe blockéiert, duerch Feldweeër goufe Grief gezunn an op der Fréisenger Grenz stoung een am Betong gegossenen groussen „L“ fir de Fligeren ze weisen dass se hei iwwert lëtzebuergesche Buedem fléien. Am Fall vun engem Ugrëff stéingen 2 ÉvakuatiounsPläng prett:  deen een huet virgesinn d’Leit aus de Grenzregiounen an d’Banneland zeréck ze zéien,  deen aneren huet eng Evakuatioun an d’Frankräich an d’A gefaasst.

 

Den 10 Mee 1940, kuerz virun 5 Auer moies, landen 5 Fieseler-Storch Fligeren zu Fréiseng „um Hau“. Am Laf vum Moie kommen ëmmer méi Zaldoten a sperren d’Haaptstrooss, leeën op de Koppe Schëtzegrief un a besetzen de Rescht vum d’Duerf. An der Robert-Schuman-Strooss gouf e Maschinnegewier Richtung Frankräich a Stellung bruecht an d’Front blouf e puer Stonne laang roueg. Et wor nach viru Mëtteg wéi e franséischt Regiment déi däitsch Stellungen ugräife koum. D’Attack goung vun der Grenz, iwwert d’Kräizung, bis bei de Café „Klein“.  Do koumen déi franséisch Truppen un d’Halen an hunn de fréisenger Leit den Uerder gin sech hannert d’MaginotLigne zeréck ze zéien.

 

Mir kennen eis haut nëmme schwéier virstellen, wat et heescht, elo Sack a Pack zesummen ze rafe fir säin Doheem ze verloossen, währendeems dobaussen d’Kugelen duerch d’Lut fléien, Blesséierter an Doudeger op der Strooss leien, d’Kanner kräischen an een senger Hänn kee Rot méi weess. Et wor och dee Moien net jiddereen doheem. Verschidde Leit wore schaffe gang oder louche krank an engem Spidol, oder d’Kanner woren an iergendenger Schoul. Net jiddereen hat e Léderwoon oder Päerd, dunn hunn d’Leit sech ënnereneen eben esou gudd gehollef ewéi et goung. Awer Jiddereen hat Angscht a wor traureg, Familljememberen zeréck ze loossen, a säin Doheem op ze ginn.

 

Mee dofir wor dee Moment keng Zäit. Et huet geheescht : eraus elei. Déi eng hate sech schonn am fréie Moien iwwert d’Grenz an d’Ongewëssheet bruecht, anerer hunn d’Duerf eréischt am spéiden Nomëtte verlooss. Leider wor dat alles guer net esou sécher, ewéi et am Ufank gemengt. Op der anerer Säit vun der Grenz, zu Éiweréng, wor kee Mënsch méi. Déi Éiwerénger wore schonns viru Méint an d’Vienne evakuéiert ginn. Eis Leit si wieder getrëppelt, iwwer GroussHetténg an duerch d’Feier vun der MaginotLigne. Stonnelaang a kilometerwäit stounge Kolonne vu Ween a Mënschen op de Stroossen, während em si ronderëm Krich gefouert gouf. Hannert der MaginotLigne goufen déi Evakuéiert gesammelt an an all méiglech Regioune vu Frankräich beuerdert. Lëtzebuerger woren a ganz Frankräich a Sécherheet bruecht ginn an hu sech do wou se konnten nëtzlech gemat. Eréischt ewéi den däitsche Besatzer d’Spärgebitt opgehuewen huet konnten d’Leit direkt erëm zeréck an hier Häiser.

 

Et géif daueren all déi Platzen opziele wou Leit aus der Gemeng Fréiseng an der Nout opgeholl goufen, därer Platze ginn et der esouvill ewéi et Schicksaler ginn. Stellvertriedend fir all deene gudde Mënschen ze gedenken déi Fréisenger, Hellenger an Uespelt Leit während der Evakuatioun bei sech opgeholl hunn, gouf d’Gemeng Fréiseng 2004 mat der Gemeng vu Saint-Julien-de-Coppel aus der Auvergne jumeléiert.

 

Haut, am Joer 2010, ass d’Evakuatioun 70 Joer hier. Dowéinst zelebréieren d’Gemenge vu Saint-Julien-de-Coppel a vu Fréiseng während dësem Päischt-Weekend feierlech d’Erënnerung un déi schwéier Zäit voller Péng a Misär. Em déi 30 Awunner aus eiser Gemeng hu sech zesumme fonnt, fir op Saint-Julien-de-Coppel ze reesen an de Feierlechkeeten iwwer 2 Deeg bäizewunnen.

 

Virun 70 Joer gouf an der Gemeng Fréiseng evakuéiert. Datt ass eng Ursaach fir sech drun ze erënneren, dass an der Nout nëmmen déi eng Chance hunn déi zesummen halen. Eng Ursaach fir sech drun ze erënneren, dass een och als hondsfrieme wëllkomm ass a gehollef ka kréien. Eng Ursaach fir sech drun ze erënneren, dass en hëllefsbereete Noper och kann honnerte Kilometer ewech an engem anere Land wunnen. Eng Ursaach fir sech drun ze erënneren, dass mer zu all Moment oppasse mussen, dass Fräiheetssonn weider blénkt.

 

Programm:

 

Samedi 22 mai :
    11 h00 - cérémonie officielle d’accueil à Saint-Julien
    12 h00 - vin d’honneur offert à la population, suivi d’un repas officiel.

    Après-midi libre.
    20 h30 - apéritif dînatoire avec animation.

Dimanche 23 mai :
    10 h00 - visite du musée Michelin
    13 h00 - repas froid à Saint-Julien
    Après-midi : visite locale en fonction de la météo

    Soirée clôturée par un barbecue.

macommune.lu
Centre de promesse Télévie 2017 sms2citizen

Contacts

Administration communale

10, Munnerëferstrooss
L-5750 Frisange



Tél. : 23668408 - 1
Fax : 23660688

 



Prendre contact

Liens

© Administration Communale de Frisange