Actualité

Unicef - campagne porte-à-porte

​Campagne porte-à-porte

 

An der Woch vum 27. Juli 2020 organiséiert d’UNICEF hir Campagne « porte-à-porte » an der Gemeng Fréiseng. D’Ekippe vun der UNICEF gi bei d’Leit schelle fir si iwwert hir Aarbecht ze informéieren an nei Donateuren ze rekrutéieren.

D’UNICEF huet déi néideg Moossname geholl, fir d’Gestes barrières an d’Mesure vun der Santé ze respektéieren. D’Ekippen hu Masken un a si hunn Desinfektiounsmëttel dobäi. Fir d’Ofstandsreegel ze respektéieren, hunn d’Mataarbeschter vun der UNICEF en Teppech vun 2m dobäi, dee si virun der Hausdier ausrullen. Fir all Kontakt ze vermeiden, huet d’UNICEF e System developpéiert, deen dem Donateur erméiglecht, seng Domiciliatioun ouni Kontakt ze aktivéiere mat engem Verifizéierungscode, dee per SMS geschéckt gëtt. Wann den Donateur dëst net wëll oder ka maachen, bleift nach ëmmer d’Méiglechkeet, mat sengem Stëft op der Tablette ze ënnerschreiwen, déi virdrun desinfizéiert gëtt.

D’Ekippe vun der UNICEF hu Kleeder mam Logo vun der UNICEF un a si kënnen sech mat engem Badge ausweisen. Si froen zu kengem Zäitpunkt boer Sue bei der Aschreiwung. All Ordre permanent kann zu all Moment resiliéiert ginn, per Telefon (Tel. 44 87 15) oder per e-mail (dons@unicef.lu).


 

Dans la semaine du 27 juillet 2020, l’UNICEF organise sa campagne « porte-à-porte » dans la commune de Frisange. Les équipes de l’UNICEF vont à la rencontre du public pour informer et sensibiliser sur l’importance du bien-être et de la protection des enfants, aussi bien au niveau national qu’international et pour ainsi recruter de nouveaux donateurs.

L’UNICEF a pris toutes les précautions nécessaires pour respecter les gestes barrières et les mesures des autorités de santé. A cet effet, les équipes portent un masque et sont munies de désinfectant. Afin de respecter et de souligner la distance de sécurité, chaque équipe a un tapis de 2 mètres pour poser devant les portes d’entrée. Finalement, pour éviter tout contact personnel, un nouveau système de signature par SMS a été développé et mis en place. Au cas échéant, il sera toujours possible de signer avec son propre stylo sur une tablette qui sera préalablement désinfectée.

Les équipes UNICEF sont reconnaissables par des vêtements portant le logo de l’UNICEF et elles sont munies d’un badge UNICEF. En aucun cas, nos équipes ne demanderont de l’argent liquide lors de l’inscription. Tout ordre permanent peut à tout moment être résilié par téléphone (tél. 44 87 15) ou par email (dons@unicef.lu).